BECKER Jérôme

Ech hun 26 Joer a sinn zënter 2013 Member an zënter Oktober 2016 Präsidiumsmember vun der Piratepartei.
Meng Interesse leien haaptsächlech op der Logement-, Infrastruktur- an Educatiounspolitik. Um Häerz leie mir besonnesch déi Bierger*innen, déi sech net genuch beuecht fillen. Ech setze mech fir eng méi gerecht Sozial-Politik an, déi virun allem déi méi den Akommesschwaachen ënnert d’Äerm gräife soll.

Gebuer an och aktiv am Süden, méi genee an der Sektioun Esch, stellen ech mech hannert eng transparent Politik.
2016 hun ech mat Kollegen eng ASBL gegrënnt, déi den elektronesche Sport a Lëtzebuerg méi promouvéiere soll. Ausserdeem sinn ech aktiv a verschiddene sportleche Veräiner, an och lokal engagéiert an hunn fir jiddereen en oppent Ouer.