Den Escher Commerce an d’Wirtschaft fërderen

Eng Akafsstad fir jiddereen

De Stolz vun der Gemeng, d’Uelzechtstrooss! Leider ass se gréisstendeels just fir „gesond“ Bierger*innen accessibel. Fir Mënsche mat enger kierperlecher Aschränkung, am besonnesche Rollstullfuerer*innen kommen ouni friem Hëllef an enger Reih Geschäfter, Banken oder Praxissen net bis un Théik oder de Schalter. Héi muss am Gemengegesetz nogebessert ginn. Et soll festgehale ginn, dat Geschäfter, Banken, Praxissen asw déi nei derbäikommen en gerechten an accessibelen Zougang ze garantéieren hunn. Och déi, déi schon präsent mussen innerhalb vun 2 Joer en gerechten an accessibelen Zougang garantéieren. E Beispill heifir ass de Prager Open City Modell. (Finanziell Hëllefsstellung säitens der Gemeng kann ugeduecht ginn) 

Akeef bei sech heem kréien

Fir d‘Geschäfter zu Esch ze ënnerstëtzen a virun allem d’Uelzechtstrooss rem opzewäerte fuerdere mir d‘Aféierung vun engem Liwwerdéngscht dee Akeef asammelt an den Dag selwer oder den Dag drop dem Client heem liwwert.

Eng wieder Mesure ass Bereetstelle vu „Lastenfahrräder“ déi een op veschidde Platzen an Esch géif fannen an ausléine kéint (wéi z.B Berliner Model).

Noversuergung fir jidderee garantéieren

A Staddeeler wou d‘Noversuergung iwwert de private Marché net präsent ass, soll d’Stad Esch an eegene Gebaier avantagéis Büroen a Surfacen zur Verfügung stelle fir souwuel déi medezinesch Versuergung wéi och d‘Méiglechkeete fir anzekafen z‘erméiglechen. 

Den Exodus vu klenge Geschäfter ophalen

Säit der Ouverture vum Site Belval hunn ëmmer méi kleng, lokal, Geschäfter de Schlëssel ënnert den Teppech misste leeën. Fir dëst an Zukunft ze verhënneren, fuerdere mir, datt d’Gemeng Esch bei fräihännege Marchéen (ënnert 60.000 Euro) als éischt op lokal Fournisseuren zeréckgräift fir esou de lokalen Handel z‘ënnerstëtzen. Des Weidere proposéiere mir eng Loyersbrems fir Geschäfter beim Verhandele vun engem neie Bail ze protegéieren. Dës Brems soll pro Zone un engem „Mietspiegel“ ugepasst sinn an ni méi wéi 5% pro Hausse erlaben. An dësem Kader ass eng Interventioun op nationalem Plang néideg fir de passende legale Kader ze schafen.

E One-Stop-Shop fir Entrepreneure schafen

D‘Gemeng soll zesumme mat Chambre de Commerce, Chambre des Métiers, Staat a para-staatleche Projeten zesummen e Guichet schafen deen all Servicer fir en neien Entrepreneur an der Gemeng Esch zesumme bréngt. Dëst fir et méi Leit z‘erlaben ouni Problemer hir Iddien Zu Esch ëmzesetzen.

Lokaler fir Social Entrepreneurschip virgesinn

Fir eng aner Ekonomie z‘erméigleche soll Esch nieft „normale“ Startups Raimlechkeeten och sozial Entrepreneure bei hire Projeten ënnerstëtzen. Dëst kann am Kader vu bestoende Projete geschéien, wichteg ass just, datt eng Mindestquot fir sozial Entrepreneure reservéiert gëtt.

Co-Working Spaces bei städtesche Projeten

Do wou Gemeng Esch selwer als Bauhär optrëtt, respektiv déi nei städtesch Wunnengsbaugesellschaft, sollt ee fir all 10 Wunnengen eng Aarbechtssituatioun an engem Co-Working Space virgesinn. Esou verhënnert een, datt Wunnengen zu Büroen ëmgewandelt ginn a gläichzäiteg erméiglecht een och fräie Beruffer awer och z.B. Léierpersonal an engem Bürosemfeld ze schaffe wann et néideg ass.

Nei Betrieber fier eis Handwierker

D’Handwierk huet eng laang Traditioun zu Esch. Duerch ewechfale vun der Stolindustrie feelt et un Handwierksbetriber. Mir wëlle Raum schafe fir klengen Handwierksbetriber et ze erméiglechen hire Betrib zu Esch ze grënnen an doduerch nei Platzen an dësem Beräich fir d’Escher ubidden

Kanner an d‘Betriber

Mir sinn der Meenung, datt Kanner fréi schonns solle gesi wou Produiten hierkommen a wéi eis Wirtschaft fonctionnéiert. Dëst fir datt se verstinn datt hannert all Produit a Service Aarbecht stécht an datt näischt vun näischt kënnt. Dofir fuerdere mir datt Besich a lokale Betriber an de Curriculum vun all Schoul gehéieren.

All Kand soll Entdecker an Erfanner kënne sinn

Fir datt Kanner kënnen erausfanne wat hinnen am beschte läit a virun allem och eemol kënne Kand sinn, fuerdert d‘Piratepartei, datt all Kand am Fundamentalen iwwert seng Carrière soll reegelméisseg a „Ecole de fôret“ goen an och a „Makerspace“ fir esou d‘Emwelt z‘entdecken an ze gesinn datt jiddereen Talenter huet. Mir setzen eis derfir an dat Angeboter a Servicer vu Centre d’Acceuil Ellergronn esou wei d’Waldschoul nach weider ausgebaut ginn.