Eng Mobilitéit déi eis wieder bréngt

Ticketlosen ëffentlechen Transport an der Stad Esch

Mier fuerderen datt d‘Busser vum TICE (zumindest um Gebitt vun der Gemeng Esch) an Zukunft ouni Tickete fonctionnéieren an esou jiddereen de Bus méi einfach notze kann. Finanzéiere wëlle mir dës duerch en unhiewe vun der Parkvignette souwéi duerch eng fräiwëlleg Kontributioun vun den Awunner.

City Navetten

Mir wëllen de weideren Ausbau vu City Busnavetten. Wat bedeit dat? Un déi 2 bestoend Offren: de Gaalgebus an de Flexibus fir den Neiduerf gesi mir wieder Méiglechkeeten de Verkéier an Esch ze entlaaschten an erauszehalen. Fir Leit vu baussent vun Esch denke mir un den Ausbau vun de Park a Ride Méiglechkeete ronderëm Esch mat Ubannung un e Citybusnetz. Esou Ubannunge kennen zb. e Cityshoppingbus, e Busdéngscht fir Spidol asw sinn. Mir gesinn awer och Busnavetten déi d’Kanner aus de Maison Relais an eis (Sport-) Veräiner bréngt a siche geet. Esou Mesuren droen a villen Hisiichten zur Attraktivitéit vun Esch bei, a fërdere gläichzäiteg Geschäftswelt a Veräinsliewen zu Esch.

Vëlo a Bus méi kompatibel maachen

Mir versichen dat Kombinatioun tëscht zou Fouss goen, Vëlo a Bus fuere mei einfach gëtt. Dofir schloe mir fir dat un all TICE-Bus speziell Vëlostransportsystemer um Bus ubruecht ginn. Dëst Erméiglecht zum engen dat ee mei Vëloe mathuele kann an zum aneren dat Eltere mat Kutsche souwéi Leit am Rollstull am Bus och hier Platz behalen.

Modern Busarrêten

Busarrêten si Platze wou sech Leit ophalen. Mir wëlle gäre Busarrête wou et agreabel ass sech opzehalen: dëst sinn en Iwwerdaach, Sëtzplazen, eng Platz wou een de Vëlo flecke ka mee och wou een sech informéiere kann. Mat moderner Technik kann een hei net nëmmen Infoe gi wéini e Bus kennt, mee et kann een och iwwert dat kulturellt a soziaalt Angebot vun der Gemeng informéieren. Des weidere solle Quaie bei all Busarrêten sou adaptéiert ginn dass eng Leit mat engem Rollstull oder eng Kutsch eben äerdeg an de Bus kann era fueren.

Konsequenten Ausbau vun de Vëlosweeër

De konsequenten Ausbau vun de Vëlosweeër zu engem wierklech zesummenhänkende Vëlosweeërnetz (am Idealfall vun der Strooss ofgetrennt wéi z.B an der rue de Luxembourg), d’Erlabe vum Vëlo fueren an Tempo 30 Zonen och an der Entgéintgesater Fuerrichtung vu Sens unique Stroossen, d’Ariichte vu securiséierte Vëlosstellplatzen (z.B. M-Box) op strategesch wichtege Platzen an en Entschäerfe vu Geforequellen si fir eis wichteg.

Parksituatioun zu Esch verbesseren

D’Stad Esch huet ouni Zweiwel e Parkplazproblem. D’Parkhaiser am Escher Zentrum sinn net voll ausgelaascht an Defiziter musse vun der Gemeng gedroe ginn. Op der anerer Säit fannen d’Awunner, déi fir hier Vignette eppes musse bezuelen, oft keng Parkplazen. Mir proposéieren de reelle Parking residentiell anzeféieren an deem et e gewësse Prozentsätz vu Parkplaze ginn déi exklusiv wier d’Awunner*innen mat enger Vignette reservéiert sinn. Mir setzen eis dofir an dass den Tarif vum Parken am Zentrum mei héich ass wei an de Parkhaiser. Des weidere sollen d’Parkhaiser 24/24 komplett accessibel sinn an zeréck ënnert Gestioun vun der Gemeng falen.

Gratis parken

D’Aféiere vun 2 Gratisstonnen an de Parkhaiser vun der Gemeng Esch beim Akafen oder enger Visite an enger kultureller Institutioun souwéi ariichte vu Parkplaze mat 30 min gratis parken (wéi z.B. Stadt Lëtzebuerg) gesi mir als eng Ureegung d’Escher Geschäftswelt wéi och déi kulturell Institutioune fir Leit vun ausserhalb opzewäerten.

Parkplaze fir Fleegedéngschter an (Süd)spidol schafen

Ëmmer méi Persoune wëllen ëmmer méi laang an den eegene véier Wänn liewen. Dëst bréngt mat sech, datt ëmmer méi Besoine fir Fleegedéngschter optrieden. Fir dësen Déngschter et méi einfach ze maache fir hire Service z‘offréieren an esou d‘Liewensqualitéit vu Senioren a Fleegebedierftegen an eiser Stad ze verbesseren, fuerdere mir, datt nieft Behënnerteparkplazen an Zukunft och an all Quartier Parkplaze fir Fleegedéngschter agefouert ginn.

Mir hun zu Esch eent vun de gréisste Spidoler aus dem Land, mat em die 1800 Leit Personal, a mam Plënneren an dat neit Südspidol zeie mir nieft Patienten nach vill neit Personal un, wat gréisstendeels op Schichte schafft. Mir begréissen Dëst ausdrécklech, fannen awer dat dëse Leit, déi eng flexibel Mobilitéit brauchen, Parkplazen oder Buslinne mussen ugebuede gi fir net schonns gestresst hiren Déngscht um Bierger unzefänken, an dat déi Parkméiglechkeeten déi se hun net vun enger privater Entreprise exploitéiert mee am Sënn vun de Salariéë geréiert gëtt.

Tempo 30 ronderëm all Schoul a Maison Relais

Ronderëm all Schoul a Maison Relais sollt een d‘maximal Vitesse op 30 km/h reduzéieren an dëst duerch baulech Methoden och renforcéieren. Dëst dréit zur Sécherheet vun alle Kanner an Awunner bäi.

Stroosseluuchten als Chargeur fir Elektroautoen ëmrëschten

Fir d‘Elektromobilitéit ze fërderen, fuerdere mir datt an all Quartier 1 vu 5 Stroosseluuchten zu engem Chargeur fir Elektroautoen ëmgebaut gëtt. Dëst géif et méi einfach maache fir säin Auto och dann ze luede wann ee selwer keng Stellplaz mat Stroum huet oder awer op Besuch ass.