Eng transparent Gemeng

Dateschutz

Um Beispill vun der Internetstuff zu Esch gëtt kloer dat Esch méi an den Dateschutz vu senge Bierger investéiere muss. Etlech Leit loossen sech an der Internetstuff perséinlech Dokumenter fotokopéieren. Modern Fotokopéierer hun awer e Speicher deen all Kopien opbewaart. D’Internetstuff hëlleft ville Leit bei hirem CV oder ähnlechem. Déi Dokumenter bleiwen awer op éiweg op dëse Computeren. Dëst ass nëmmen 1 Bsp vu ville wat weist dat mir mei investéiere mussen a Personal wat sech um ganze Gemengenniveau fir den Dateschutz asetzt.

Frei Softwaren a quelloppene Betribssystemer an de Schoulen an an der Gemengeverwaltung

Mir sinn der Meenung dat an ëffentlechen Institutioune wei Gemengeverwaltungen, Schoulen asw et net ka sinn dat do mat Betribssystemer a Software geschafft gëtt, wou just deng Firma wéi z.b. Microsoft oder Apple Secherheetsupdate durchféire kann an déi och nach Hannerdieren an hirer Programmatioun fir international Geheimdéngschter mussen oploossen. Mir si fir Quelloffe Betribssystemer an Opensource Softwaren, wou Sécherheetsproblemer méi séier kenne behuewe ginn. Bsp dat dëst ëmsetzbar ass, ginn et zb. : ( München, Wien a Vincenza op Linux Betribssystemer) oder BSD ( eent patentfräit UNIX vun der Berkley University). Heiduerch kenne Schoulen an och Gemeng enorm un Lizenzkäschten aspueren an dëst Geld fir aner Projeten asetzen.

Internetsite vun der Gemeng

Den Internetsite vun der gemeng ass eiser Meenung no net immens userfrendlech an net uptodate. Mir setzen eis an vir en modernen an virun allem informativen Internetsite deen och ëmmer déi aktuellst Infoen huet a wou een och seng Demanden an Zesummenhang mat der Gemeng maache kann.

Här iwwert seng eegen Netzwierker sinn

D‘Pirate sinn der Meenung datt och wann d‘Servicer op engem Reseau kënne privatiséiert ginn, d‘Infrastruktur soll an ëffentlecher Hand bleiwen. Aus dësem Grond fuerdere mir, datt Gemeng Esch alles ënnerhëlt fir mëttelfristeg erëm Här iwwert hir eegen Netzwierker a Kabelen ze ginn, an de Service op dësen dann ausschreiwe ka fir esou de Bierger an de Genoss vu Konkurrenz um fräie Marché kommen ze loossen ouni d‘Qualitéit vun der Infrastruktur a Gefor ze bréngen.

Eierenerklärung vun alle Gemengeréit iwwert hir Aktivitéiten

Wéi an der Chamber an am Europaparlament ass et an eisen Aen normal, datt gewielte Vertrieder hir Interesse verëffentlechen an de Wieler erkläre wéi Sie hiert Geld verdéngen a wou Sie Aktien hunn. Dofir fuerdere mir datt all Gemengerot eng Eierenerklärung iwwert seng Aktivitéite soll ofginn.

Auerzäite vum Gemengerot esou leeën datt Participatioun méiglech ass

Aktuell ass de Gemengerot vun der Stad an der Woch zu Auerzäite wou déi meescht Leit schaffen. Do hëlleft dann och kee Livestream a keng Ëffentlechkeet wann duerch d‘Auerzäit et well onméiglech gëtt fir ouni Congé ze huelen de Gemengerot kennen ze suivéieren. Dofir fuerdere mir, datt d‘Auerzäite vum Gemengerot esou gewielt ginn, datt beruffstäteg Bierger och eng Chance hunn dorunner ze participéieren.

Ëffentlech Kommissiounssëtzungen

Mir fuerderen dat Kommissiounssëtzungen an hir Rapporten ëffentlech ze maachen. Des sënnvoll Mesure wier fir méi Participatioun z‘erméiglechen an d’Bierger*innen nach mei ze informéiere wat an hirer Gemeng aktuell Sujete sinn.

Ausleiend Dossieren och digital publizéieren

Am Kader vu ville Prozeduren (PAG, PAP, Baugeneemegung, …) ginn Dossieren op der Gemeng ausgeluecht fir datt interesséiert Bierger se kënne kucke goen. Leider muss een sech dann engersäits während den Ëffnungszäiten dohinner beweegen an anerersäits sinn dës Dossiere meeschtens zimlech ëmfangräich. Dofir fuerdere mir, datt dës Dossieren och digital an ouni Ufro zur Verfügung gestallt ginn, sou datt méi Bierger eng Chance hunn dës Dossieren am Detail ze kucken.

E Gemengen-Informatiounsfräiheets-Akt

Mir fuerderen datt Gemeng Esch ähnlech wéi Hamburg en Informatiounsfräiheetsakt fir all kommunal Dokumenter beschléisst an et esou onofhängeg vun der Regierungspolitik erméiglecht fir Bierger, Journalisten an aner Interessenten Ufroen un d‘Gemeng ze stellen déi dann och musse beäntwert ginn. Dëst géif et erlaben datt och Persounen déi net am Gemengerot Froen un de Buergermeeschter stellen dierfen Accès zu offiziellen Informatioune géife kréien.

En ëffentleche Subsideregister

Gemeng Esch verdeelt reegelméisseg Subsiden u Persounen, Veräiner, Associatiounen a Firmen. Aktuell ginn dës zwar alleguerten am analytesche Rapport verëffentlecht, mee et gëtt keng Datebank wou se all zentral ze fanne sinn. Fir datt jiddereen sech e Bild dovu ka maache wéi eng Associatioune mat senge Steiergelder ënnerstëtzt ginn, fuerdere mir e Subsideregister deen dës regroupéiert.

Eng richteg Bilanzéierung no European Public Sector Accounting Standards

Eis Stad benotzt an der ëffentlecher Kommunikatioun nach ëmmer e kamerale Budget a Bilan deen et dem Publique net erméiglecht op den éischte Bléck ze gesi wéi vill Reserven nach do sinn a wéi ee Geld schonns engagéiert ass. Dofir fuerdere mir, datt nieft dem kamerale Budget och eng richteg Bilanzéierung no de „European Public Sector Accounting Standards“ verëffentlecht gëtt.

Bitcoins akzeptéieren

Als 2 gréisst Stadt vum Land géif et Esch guttdoe wann se och innovativ Bezuelmethode géif akzeptéieren. Dozou gehéieren hautdesdaags och Bitcoins, Litecoins, Ethereum an all aner Kryptowährungen.