BROERS Tammy

Ech sinn 22 Joer al a wunnen am Lalleng’er Quartier. Zur Zäit sinn ech an der Léier fir Landschaftsgärterin ze ginn. Ech sinn elengerzéiend Mamm vun engem Kand vu 5 Joer.

 

An der Kannerbetreiung wëll ech mech, an der Politik, fir eng Erhéijung vu Plazen an de Maisons Relais asetzen. Hei feelt ëmmer nach e Kontingent u freie Plazen. Et ass a mengen Aen, an eiser Gesellschaft, eminent wichteg, dat de Kanner an den Elteren déi Offer gemaach gëtt. D’Eltere musse kënnen schaffen goen, fir hirem Kand an sech selwer, e Liewensstandard opzebauen an deem e Kand vernënfteg ka grouss ginn. Ouni des Plaze kann eng Famill dem Kand an sech selwer keen agreabelt Liewe bidden.

 

An der Gemeng, bei de Maisons Relais, a ronderëm d’Schoulen, setzen ech mech dofir an, dat eng strikt Vitesse Limitt vun 30 Stonnekilometer agefouert, agehalen, a reegelméisseg kontrolléiert gëtt. Ech wëll net ëmmer mat der Angscht liewen, dat mengem Kand eng Kéier eppes geschitt, well verschidde Leit eng Vitesse mat hirem Gefier drop hun déi baussent all Vernonft läit.

 

An der Politik géif ech mech och dofir asetzen, dat den ëffentleche Bustransport um Gemengenterrain gratis soll sinn. E gratis ëffentlechen Transport soll d’Leit mobiliséieren nach mei mam Bus a mam Zuch ze fueren, amplaz dat de Verkéier an eiser Stad ëmmer mei zouhëlt.

Dowéinst hunn ech mech als Kandidatin fir d’Gemengewalen 2017 bei der Piratepartei Esch op d’Lëscht opgesat.