CHMELIK Libor

Ech si 50 Joer al, a wunnen am Quartier Grenz. Vun Beruff sinn ech Elektriker Meeschter. Wann ech Zäit hun bauen ech, als Hobby, al Röhrenradioën ëm. Déi ëmgebaute Röhrenradioë kënnen dono als Bluetooth Verstäerker fir de Smartphone benotzt ginn.
Ech si laangjärege Member an aktuelle President vun der Escher Sektioun vun der Piratepartei. An dowéinst hun ech mech ënnert anerem, als Kandidat fir d’Gemengewalen 2017, bei der Piratepartei op d’Lëscht opgesat.
Ech sinn och Member vun der Biergerinitiativ Grenz-Hiel fir no um Liewen am Quartier ze sinn, Deel ze huelen, a mech iwwert mäin Quartier ze informéieren sou gutt ët geet.
Member sinn ech och vun der Lilux a.s.b.l.. Lilux ass en lëtzebuergeschen Interesseveräin vun a fir Benotzer vum fräie Computer Betribssystem Linux.
Ech setze mech och dofir an, dat an der Gemeng, an der Administratiounen an an de Schoulen, manner proprietär a Virus ufälleg Software vu Microsoft agesat gëtt. Dës proprietär Software ka liicht ersat ginn, duerch gratis an open source Software wei z.B. Linux oder BSD. An Stied wie München, Wien oder Vincenza funktionéiert dat Tip Top.
Ënnert anerem setzen ech mech fir eng besser Zesummenaarbecht tëschent der Gemeng an dem Bierger an.
Ech setze mech och fir d’Schafe vun engem Techlab/Hackspace an eiser Minettemetropole an. Ët ass e Blahm dat technikaffin Persounen sech musse bis an d’Stad Lëtzebuerg deplacéieren fir d’Virdeeler vun engem Techlab/Hackspace ze genéissen. Dat däerf net sinn.
An eiser Stad Esch gëtt et, ob kommunalem Niveau, nach vill Potential fir Projet’en auszebauen, dat gesellschaftlecht Liewen ze verbesseren, a virun allem besser Politik ze bedreiwen.