FERNANDES Carlos

Ech sinn 31 Joer aal a wunnen am Quartier Belval Homecht. Vun Beruff sinn ech Elektrotechniker an hunn mech als Kandidat fir Gemengewale  bei der Piratepartei op d’Lëscht opgesat.

De Mënsch ass op engem Punkt ukomm wou en duerch den technologesche Fortschrëtt weider evoluéiert. Fir dat eis Bevëlkerung weider innovativ a kompetitiv bleift, stinn ech fir d’Weiderentwécklung, déi eis Wirtschaft a Wësse stäerken.

Dofir setzen ech mech fir d’Schaffen vun engem Techlab/Hackspace an eiser Minettemetropole an.