Gëff Member

Maach och du mat!

 

D’Piratepartei setzt sech säit hirer Grënnung 2009 fir ee méi konsequente Schutz vun de Mënscherechter an, dëst souwuel Offline wéi Online. Doriwwer eraus fuerderen d’Piraten eng méi grouss Transparenz vum Staat, fir esou ënner anerem eng besser politesch Participatioun vu jidderengem ze erméiglechen.

Wanns Du eis hëllefe wëlls Esch “modern – fair – transparent” weider ze brengen oder einfach méi Informatiounen zu eisen Iddien an eisem Programm wëlls hunn, dann komm op eis Treffen, abonnéier eis op Facebook oder schreif eis eng Mail!

Du kanns och gären selwer aktiv ginn, an bei eis an der Sektioun matmaachen, an deems du deng eegen Iddien mat an eise Programm abréngs. Hues du Interesse dann mell dech bei eise Sektiounspräsidiumsmemberen , fir en “rendez-vous” aus ze maachen. Du bass zu jidder Zäit häerzlechst bei eis Wëllkomm.

Gëff och du haut nach Member . Hei fënns Du de PDF Fichier mat deems Du dech kanns als Member umellen .

(downloaden, ausfëllen, ënnerschreiwen an via Mail un eise Sektiounssekretär schécken )

Oder mell Dech ganz einfach bei engem Member vun eisem Sektiounspräsidium .

Präsident:                  CHMELIK Libor

Vize-Präsident:      KLEEBLATT Patrick

Sekretär:                    CATTANI Jérôme ( genannt “Sam” )

Tresorier:                    BECKER Jérôme