Nëmmen eng Wëssensgesellschaft kennt weider

Maison Relais

Maison Relais kennen zur Zäit nëmme 34% vun de beneidechgte Platzen ubidden. Et feelt un Raum a Personal. De konsequenten Ausbau an Erweiderung as fir eis e wichteg Uleies. Eis Ziel ass et an den nächste 6 Joer mindestens iwwert 80% vun der Demande gerecht ze ginn.

Haut ass et leider och esou dat ëmmer méi Personal nëmme méi Deelzäit Kontrakter kritt (duerch Kofinanzéierung vum Staat), an esou vir des Leit finanziell prekär Situatiounen entstinn. Mir wëllen als Piratepartei dass des Leit duerch Moossname wei de Pedibus voll Tâchë kenne kreéieren a mir doduerch en Ureiz bidde motivéiert a gutt qualifizéiert Personal fir eis Escher Kanner behalen.

Am Beräich vun den Ëffnungszäiten (Virun allem bei Elteren déi op Siichte schaffe gëtt net Rechnung gedroen. Mir kucken op et Sënn mëscht och eng Maison Relais ze kreéieren die nuets op huet.

Ausbau vun de Schoulen

D’Escher Schoulinfrastruktur ass an de leschte Joren net genuch wieder entwéckelt ginn. Mir wëllen dëst mat mei Konsequenz maachen an och all Schoulen op die neisten Technologesche Stand brengen, fir eng bescht Méiglech Schoulausbildung de Kanner ze garantéieren.

Innovativ an inklusiv Schoulformen ënnerstëtzten

Oft gëtt gesot fréier war alles besser! Mir sinn der Meenung dat Schoul a Bildung an engem stännegen Wandel ass, an dat vill ze lang un der klassescher Unterrechtsmethod festgehalen ginn ass. Mir begréissen an ënnerstëtzen dowéinst Innovativ an Inklusiv Projeten an Schoulformen, wou versicht geet all de Kanner an Berécksiichtegung vun hiren Bedürfnisser an Fäegkeeten eng Ausbildung ze erméiglechen.

Studenteliewen weider fërderen

Studenten op der Uni bekloen sech dat et keen Studenteliewen gëtt. Mir sinn der Meenung dat dëst un Infrastrukturen an un finanziellen Mëttelen fir Projeten feelt. Mir wëllen kucken wéi mir mam Service Jeunesse a Service Kulturelle Moossnamen schaffen kennen fir e liewegt Studenteliewen zu Esch als Gemengevertrieder ze fërderen. Spaass um formalen léieren kennt och duerch Informal Begéinungen am Studentenalldag.

Techlabs/Hackerspaces

Duerch den technologeschen Fortschrëtt sinn vill Apparater duerch den Otto Normal Bierger*in net méi selwer ze flecken. Wou fréier selwer Hand ugeluecht ginn ass bleift haut nach just eng deier Reperatur oder an de Recycling Zenter. D’Schaffen vun engem techlabs/hackerspaces zu Esch mat fachlechem Personal kann der momentaner „Gehei et ewech an kaf et nei“ Kultur bremsen. Bierger*innen kéinten hei ënnert der Uleedung vum Personal, Reperaturen selwer virhuelen. Deswéideren wier et och eng Platz, wou technikbegeeschert Leit vun all Alter sech treffen kéinten an sech austauschen, eegestänneg Projeten kéinten ëmgesat ginn an sech op meng eng spilleresch Aart a Weis der moderner Technik méi vertraut maachen.

Reform vum CIGL

D’Struktur an d’Aarbechtsverträg vum CIGL brauchen dréngend eng Reform. Ziel sollt et sinn den Nutzniesser eng deifgräifend Aus- oder Weiderbildung unzebidden, souwéi Perspektiven ze bidden wei z.b ob eng Festustellung, amplaz zum Deel stomp an monoton Aarbechten nozegoen.

Moossnamen fir Chômeuren

Mir hunn zu Esch leider e vun den héchsten Chômagetauxen aus dem ganzen Land. Des weideren hun mir ganz vill Leit déi Interimverträg hunn. Mir wëllen dass all Escher Chômeure duerch Weiderbildung iwwert den INFPC, Usiedelung vun enger Ecole de la deuxième chance an aner Organer eng besser Beruffssbasis kann bidden. Mir wëllen als Piratepartei iwwert Gemeng konkret un des Mënschen eruntrieden an hinnen hëllefen weider ze kommen.